Kino NewsHoffnung fir den James Cameron

De Regisseur James Cameron kuckt positiv an d'Zukunft vum Kino...

Leschten Update: 17.09.2019, 14:50:15

© Tommaso Boddi / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Iwwer 21 Joer hat de Regisseur James Cameron de Rekord fir den erfollegräichste Film vun allen Zäiten. 
Zanter 1997  mat Titanic a vun 2009 un mat Avatar
2019 gouf de Rekord dunn vun Avengers – Endgame geknackt. 

Kee Grond awer fir de Regisseur traureg ze sinn. Hien ass éischter optimistesch an erliichtert. Et wier e Beweis, dass d’Leit nach ëmmer gären an de Kino ginn. 
Den Challenge als Regisseur wier et, e Film ze maachen, deen sech d’Leit an en donkele Raum mat lauter Friemen an ouni Handy e puer Stonne laang ukucke ginn. 

Hoffnung also fir dem James Cameron säin Avatar 2 an 3, déi an de nächste Jore sollen erauskommen.