Kino NewsBattle at Big Rock

Jurassic World 3 dauert Iech nach ze laang? E Kuerzfilm soll hëllefen!

Leschten Update: 17.09.2019, 15:00:57

© PS4 Screenshot

Am Summer 2021 kënnt Jurassic World 3 an de Kino. Fir d'Waardezäit ze iwwerbrécken, hunn d'Produzenten an de Regisseur ouni Ukënnegung e Kuerzfilm erausbruecht.

De Film spillt ee Joer no den Evenementer an Jurassic World 2. Hei ware jo zum Deel geféierlech Dinosaurier an d'Fräiheet entlooss ginn. Dës sinn elo Deel vun enger neier Welt. A wéi och bei engem Bier, Léiw oder Hai, wëll een dësen Dinosaurier als Mënsch net a fräier Natur begéinen. Genee dat passéiert awer enger Famill am Nationalpark Big Rock.