Film vun der WochAd Astra

No Once Upon a Time... in Hollywood, mellt de Brad Pitt sech als Astronaut zréck.

Leschten Update: 19.09.2019, 08:30:31

© Youtube

Filmer, déi am Weltall spillen, goufen et an de leschte Jore méi wéi genuch: Interstellar, Armageddon a Gravity zum Beispill. Mol eng aner Approche liwwert de Film Ad Astra mam Brad Pitt an dem Tommy Lee Jones.

Am Film geet et ëm de Roy McBride. En Ingenieur bei der Nasa, deem säi Pap virun 20 Joer op enger Weltraum-Missioun verschwonnen ass. Elo brécht de Roy selwer als Astronaut op, fir der Saach op de Grond ze goen. An op senger Rees, gëtt hien déi eng oder aner Saach gewuer. Iwwer säi Papp, d’Missioun an och iwwer sech selwer.

Ad Astra ass e Film, dee relativ gutt ewechkënnt. Ëmmerhin 82 vun 100 Kritiker sinn iwwerzeegt. De Film baséiert sech virun allem op de Charakter vum Roy McBride. Op seng Verbindung mat sengem Pap a virun allem op d’Ausernanersetzung mat sech selwer.

De Brad Pitt sot: Wann ee méi wéi d’Halschent vu sengem Liewen hannert sech huet, muss een ufänken, sech selwer a seng Feeler ze akzeptéieren.