Film vun der WochRambo 5: Last Blood

Wann e neie Film erauskënnt, kann et sinn, dass d'Kritiker schockéiert, ma d'Leit begeeschtert sinn. Esou aktuell de Fall bei Rambo: Last Blood.

Leschten Update: 25.09.2019, 10:22:39

De Sylvester Stallone ass Regisseur, Auteur, Produzent a Schauspiller. Mat 73 Joer denkt hien nach laang net un d’Pensioun. Geplangt ass ënnert anerem e neie Rocky an e neien Expendables. Donieft ass och elo de neie Rambo am Kino ugelaf.

Am 5. Deel vun der Franchise mam Numm Last Blood wëll den John Rambo sech op engem Bauerenhaff zur Rou setzen an endlech seng Vergaangenheet vergiessen. Enges Daags gëtt d’Duechter vu sengem Déngschtmeedche vun engem mexikanesche Kartell entféiert, dat kleng Meedercher zur Prostitutioun zwéngt. Sou kämpft hie fir seng nei Famill a gëtt donieft alt erëm mat senger Vergaangenheet konfrontéiert.

Rambo: Last Blood
gëtt bei de Kritiker ënnerierdesch bewäert. Mat Story a Charakterduerstellung hätt de 5. Deel Näischt méi um Hutt. De Fokus géif op der iwwerdriwwener Brutalitéit leien a wéi et schéngt, war et de Produzente virun allem wichteg, déi eenzel Mordserië besonnesch detailléiert duerzestellen. Och de Schrëftsteller David Morrell, deen de Rambo erfonnt hues, ass schockéiert a wëll net méi mat der Franchise associéiert ginn.



De Public gëtt dem Film allerdéngs gréisstendeels gutt Kritiken. D’Gewalt wier genee dat, wat een sech erwaart a wat ee bei engem Rambo-Film gären huet.

Fans vun der Franchise kommen also mat Sécherheet op hir Käschten. Déi aner spueren sech léiwer hir Suen.