Kino NewsFrozen 2 - Soundtrack

Wat dierf bei engem Disneyfilm net feelen? De Soundtrack!

Leschten Update: 01.10.2019, 15:43:08

© Youtube

Den 20. November kënnt Frozen 2 an de Kino.

Laang war den éischten Deel aus dem Joer 2013 den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten. De Rekord hält awer mëttlerweil The Lion King.

Mat responsabel fir de Succès vum Film war de Soundtrack. Elleng Let It Go kruet en Oscar an de Video huet eleng op Youtube ronn 2 Milliarde Views. Produzéiert gouf d'Lidd deemools vum Komponisten-Duo Kristen an Anderson-Lopez.

Déi nämmlecht Komponiste goufen och fir d'Fortsetzung engagéiert. Elleng si hu siwe Songs produzéiert, dorënner d'Lidd Into The Unknown. Hei geet et ëm d'Elsa, déi probéiert, den Ursprong vu senge Kräften ze fannen.

Fans kënnen sech op Frozen 2 freeën. Disney ass jo bekannt dofir, just eng Fortsetzung ze maachen, wann een och selwer un d'Geschicht gleeft.