Kino NewsStar Wars: Episode IX - Detailer zum Palpatine

De Regisseur reagéiert op d'Suergen an d'Kritike vun de Fans.

Leschten Update: 01.10.2019, 15:13:10

© Youtube

Am Dezember kënnt Star Wars IX - The Rise Of Skywalker an de Kino. 
Et ass bis 2022 de leschte Star Wars Film, deen an de Kino kënnt an zäitgläich och den Ofschloss vun der Skywalker-Saga.

De Film spillt ee Joer no Episod 8 an d'Rey an de Kylo wäerten sech fir eng leschte kéier duelléieren.

D'Daisy Ridley huet sech an engem Interview dann och begeeschtert iwwer den Imperator gewisen. Et wier ee vun de wichtegsten a geféierlechste Personnagen aus dem Star Wars Universum. Säi Retour wier fir den Ofschloss vun der Geschicht immens wichteg. D'Fans missten sech awer keng Suerge maachen. Während dem Film géif alles erkläert ginn.

Am aktuellen Trailer gesäit een d'Rey als Sith mat engem roude Liichtschwäert. Als Erklärung heescht et: Et gëtt keen Damp ouni Feier!

Och de Regisseur J.J. Abrams huet sech zu Wuert gemellt:
Ech verstinn d'Suerge vun de Fans. Ma ech wëll eng Verbindung zu den aneren 8 Filmer opbauen. Ech selwer kennen net vill Geschichten, déi sech géinter Schluss net mat deem befaasst hunn, wat virdrunner geschitt ass.