Kino NewsThe War of the Worlds

15 Joer no der Versioun vum Steven Spielberg gëtt de Roman eng weider Kéier verfilmt.

Leschten Update: 01.10.2019, 15:18:29

1897 huet de britesche Schrëftsteller H.G. Wells de Roman "Krieg der Welten" verëffentlecht.
Bis haut gouf d’Geschicht zwee Mol verfilmt. Déi bekanntste Versioun ass wuel déi vum Steven Spielberg mam Tom Cruise an der Haaptroll aus dem Joer 2005.

Elo bréngt d’BBC One eng Neiverfilmg eraus an zwar ënnert der Form vun enger dräi-deeleger Mini-Serie. De Plang ass et, esou genee wéi méiglech um Roman ze bleiwen. Also spillt d’Serie an England am 19. Joerhonnert. Also ginn et, net wéi an der Versioun vum Spielberg, keng modern Waffe fir d’Aliens ze bekämpfen.

Mat dobäi sinn ënnert anerem d'Eleanor Tomlinson, de Rafe Spall, den Jonathan Aris, de Rupert Graves an de Robert Carlyle.

Wéini d'Serie erauskënnt, ass nach net gewosst.