Kino NewsKeen Oscar fir de Robert Downey Jr. ?

Disney huet seng Favoritte fir d'Oscare bekannt ginn...

Leschten Update: 08.10.2019, 15:45:40

© Frazer Harrison / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

De 9. Februar 2020 ginn zu Los Angeles erëm d’Oscare verdeelt. A spéitstens mam neien Joker mam Joaquin Phoenix an der Haaptroll, fänken t’Diskussiounen ënnert de Fans a Kritiker erëm un.

Dëst Joer huet d’Academy jo bewisen, dass mëttlerweil och Superhelden-Filmer fir en Oscar a Fro kommen. Elleng Black Panther huet 2019 3 Präisser gewonnen.
Logesch, dass Disney an de Marvel Cinematic Universe och nächst Joer wëlle matspillen. Ëmmerhin huet ee mat Avengers – Endgame den erfollegräichste Film vun allen Zäite geliwwert.



D’Gebridder Russo, d’Regisseure vun Avengers sti jo selwer op der Wonschlëscht vun Disney. Allerdéngs haten si virun e puer Woche ganz kloer ernimmt, dass de Robert Downey Jr. fir seng Roll als Ironman, den Oscar fir de beschte Schauspiller verdéngt hätt.

De Schauspiller steet allerdéngs net op der Lëscht, déi den MCU op Twitter presentéiert huet. D’Fans waren deementspriechend rosen an enttäuscht.







Bei engem Interview mam Robert Stern huet de Schauspiller sech elo selwer zu Wuert gemellt a seng Meenung zu den Oscare gesot. Hie selwer wier immens frou, dass d’Marvel-Filmer haut esou ee grousse Succès géifen hunn. Sief et bei de Kritiker, awer och beim weltwäite Public. Dem Schauspiller no, wier seng Leeschtung awer net gutt genuch, fir en Oscar ze gewannen. Vläicht wollt hien och just d’Opmierksamkeet vu sech oflenken. Ëmmerhin ass hien am Film Endgame zwar e wichtege Charakter, awer just ee vu ville Superhelden, déi sech dem Thanos entgéintstellen.

Zwar wier et theoretesch méiglech, dass de Robert Downey Jr. den Oscar an der Kategorie „beschte Schauspiller“ gewënnt, ma et gëllt net als wahrscheinlech. D’Academy zeechent zwar mëttlerweil Superhelden-Filmer aus, ma meeschtens just an technesche Kategorien. Déi grouss, wichteg Kategorië bleiwen dem MCU wuel nach e puer Joer onerreecht. Do sinn d’Kritiker sech eens. Besser Chancen huet hei den Joaquin Phoenix fir seng rezent Verkierperung vum Joker.