Film vun der WochMaleficent vs. Hustlers

Dës Woch lount sech e Besuch am Kino direkt zwee Mol!

Leschten Update: 16.10.2019, 14:54:18

Mam Kino ass et wéi mat den Events : Heiansdo leeft guer Näischt an heiansdo alles mateneen. Esou ee Fall hu mir aktuell an der Woch vum 16. Oktober. Hei ginn et nämlech zwee Filmtipps aus eiser Redaktioun:

Deen éischte kënnt aus dem Haus Disney an ass d’Fortsetzung vum Klassiker Maleficient aus dem Joer 2014.

No den Evenementer am éischten Deel huet d’Fee Maleficient mat senger Vergaangenheet ofgeschloss. Och d’Aurora ass mëttlerweil erwuessen a plangt, sech ze bestueden. Wéi allerdéngs d’Kinnigin Ingrith opdaucht, gëtt d’Maleficient alt erëm mat senger donkeler Säit confrontéiert.

Am Verglach mam éischten Deel iwwerzeegt Mistress Of Evil virun allem duerch eng nei Welt, nei Kreaturen an nei Iddien. A genee dat war de Produzenten och wichteg. Verschidde Kritiker soen allerdéngs, et wier mat Amenter ze vill des Guddes. Et stelltt een sech d'Fro, ob een dës Fortsetzung wierklech gebraucht hätt. Mat dobäi sinn ënnert anerem d’Michelle Pfeiffer an natierlech och erëm d’Angelina Jolie.



Well Disney net fir Jiddereen eppes ass, leeft aktuell och ganz nei de Film Hustlers.

Am Film geet et ëm e Grupp vu Stripperinnen, déi onzefridde mat hirem Liewe sinn. No der Finanzkris am Joer 2008 ginn déi sozial Ënnerscheeder an Ongerechtegkeeten zu New York besonneg däitlech. Hir Clienten sinn zum Groussdeel räich Geschäftsmänner vun der Wallstreet. D'Stripperinnen kënnen op der anerer Säit knapps hire Loyer bezuelen. Dowéinst hir Iwwerleeung: Wéi kann ech aus mengem Client vläicht e bëssi méi wéi just Drénkgeld erauskréien. D'Äntwert ass eng Method, déi och d'Police op d'Fraen opmierksam mécht.




Bei de Kritiker kënnt de Film gutt ewech. 88% sinn iwwerzeegt. Am Fokus steht virun allem d'Jennifer Lopez. Et wier mat déi beschte Roll vu sengem Liewen an hätt esouguer en Oscar verdéngt. Meenungen, déi der Schauspillerin vill bedeiten. Ëmmerhin huet d'J-Lo sech méintlaang op dës Roll virbereed. Et beweist, dass Alter just eng Zuel ass.
Mat dobäi sinn ënnert anerem och nach d'Lizzo an d'Cardi B.