Film vun der WochTerminator: Dark Fate

Den Arnold Schwarzenegger ass zréck als T-800!

Leschten Update: 23.10.2019, 12:34:55

© Youtube

D’Wëssenschaft mëscht am Beräich Robotik ëmmer méi grouss Fortschrëtter. Mat wat géif geschéien, wann d’Roboter an d'Computer sech enges Dag géint d’Mënschheet revoltéieren? Klengt no Science Fiction, ma genee dat ass Thema an Terminator an do ass elo de 6. Deel ganz nei an de Kino komm.

Terminator: Dark Fate spillt 27 Joer no den Evenementer aus dem zweeten Deel (1991). Dëse gëllt bei ville Fans a Kritiker bis haut als de beschte Film vun der Franchise. D’Sarah Connor huet de sougenannte Judgment verhënnert. Allerdéngs daucht elo e neien, méi déidlechen Terminator op. Sou sicht een sech Hëllef beim Arnold Schwarzenegger, alias T-800, dee mëttlerweil e normaalt Liewe féiert.

De Franchise mam Arnold Schwarzenegger ass Kult. Allerdéngs war een ufanks skeptesch. Huet een e weideren Deel wierklech gebraucht? Ëmmerhi waren déi lescht Filmer beim Public duerchgefall. Och de Schauspiller ass mat 72 Joer fir en Actionfilm vläicht ze al. Ma d'Resultat ass ganz anescht komm...





Responsabel fir de 6. Deel ass erëm den James Cameron an dat huet dem Film gutt gedoen. Genee esou wéi de Comeback vum Linda Hamilton. Dark Fate kënnt bis elo positiv ewech. An den James Cameron huet nach zwee weider Filmer geplangt. Et soll also eng Trilogie entstoen.

Beim Arnold Schwarzenegger an Terminator ass et wéi beim Sylvester Stallone a Rambo. Entweder et huet een d’Filmer gär, oder eben net. Fans sollten sech de 6. Deel awer wéi et schéngt net entgoe loossen!