Kino NewsThe Mandalorian - Kritiken

Den 12. November geet Star Wars an eng nei Richtung...

Leschten Update: 22.10.2019, 14:52:33

© Youtube

Viru 6 Joer huet den George Lucas d’Rechter vu senger Star Wars Franchise fir 4 Milliarden Dollar un Disney verkaaft. 2015 huet déi nei Produktiounsfirma d’Geschicht no 10 Joer weidererzielt. 3 nei Episoden an 2 Spin-Offs sinn dono erauskomm.

Wéi den Disney-Chef Bob Iger erkläert huet, soll et dono am Kino awer roueg ronderëm Star Wars ginn. Bis op d'mannst 2022 wëll een sech nei organiséieren a kucken, wéi et mat der Franchise soll weidergoen. 

Aktuell konzentréiert een sech fir den eegene Streaming-Déngscht Disney Plus, deen am November an den USA erauskënnt, op Star Wars Serien.



Déi éischte Serie, déi direkt am Nover ufänkt, ass The Mandalorian, e Projet vum The-Lion-King-Regisseur John Favreu. Nom Jango a Boba Fett geet et hei ëm e neie Revolverheld, deen am Chaos no den Evenementer an Episod 6 an den donkel Ecker vum Universum ënnerwee ass.




View this post on Instagram

Birthday Surprise

A post shared by Jon Favreau (@jonfavreau) on



An hei huet sech den George Lucas ageschalt. Hien seet, et sollt een sech net op d’Hardcore-Fans baséieren, déi sech e Nostalgie-Faktor erwaarden. Vill méi sollt een sech op Kanner a Jugendlecher konzentréieren, well och si verdéngen eng ganz eege Coming Of Age Story, wéi mir deemools beim Original.



Déi éischt Kritiker haten d'Méiglechkeet, schonn e puer Minutte vun der Serie ze gesinn. Hei ass een zum Groussdeel begeeschtert. Et wier genee esou gutt, wéi een et sech géif erwaarden. Gespuert gouf hei definitiv net. Allerdéngs wier d’Serie iwwerraschend düster.