Kino NewsThe Lion King - Kritik vum Elton John

De Museker léisst kee gutt Hoer um Disney-Remake...

Leschten Update: 22.10.2019, 14:48:10

© Youtube

The Lion King ass de 17. Juli 2019 zu Lëtzebuerg an de Kino komm. Den Original aus dem Joer 1994 ass mat, déi populäerste Geschicht vun Disney op der ganzer Welt. De Remake ass mëttlerweil den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten. Allerdéngs wäert d'Produktioun net bei den Oscare 2020 an d'Course goen. Opmanst net an der Kategorie "Beschten Animatiounsfilm".

Bei engem Disney-Film ass d'Musek natierlech e wichtegen Aspekt. Déi ass dem Original zum Groussdeel trei bliwwen. Nei agesonge goufen d'Lidder vu Starenwéi dem Elton John, Donald Glover, Billy Eichner an dem Seth Rogan.
Fir de Remake goufen awer och nei Lidder interpretéiert, sou zB vum Beyoncé.





Kritik gouf et elo ganz nei vum Elton John. De Sänger war 1994 fir de Soundtrack vum Original responsabel. Allerdéngs ass hie fir de Remake net mat agebonne ginn. De Soundtrack wier senger Meenung no schrecklech a géif net déi selwecht Magie a Freed verbreeden, wéi den Original. Dass d’Lidder quasi direkt erëm aus den Charts geflu wieren, géif seng Meenung ënnersträichen.