Film vun der WochDas perfekte Geheimnis

De Regisseur Bora Dagtekin bréngt, no "Fack Ju Göhte", déi nächst Comedy mam Elyas M'Barek, Karoline Herfurth a Jella Haase eraus.

Leschten Update: 30.10.2019, 09:56:22

© Youtube

Éierlechkeet a Vertrauen sinn an enger Frëndschaft oder an enger Bezéiung dat Wichtegst. Do sinn sech déi meescht vun eis eens. Ma wann ee vun Iech géif verlaangen, äre ganzen Handy oppenzeleeën, also alleguer är Fotoen, Kontakter a Noriichten, wéi géif d’Saach dann ausgesinn? Das Perfekte Geheimnis behandelt genee dee Sujet.

Am Film geet et ëm 7 Kollegen, dorënner och Koppelen. Si treffen sech Owes fir zesummen ze Iessen. Wéi d’Thema Éierlechkeet opkënnt, iwwerleeën si sech e Spill. All eenzel Noriicht, déi op engem Handy erakënnt, gëtt haart virgelies. Wat witzeg ufänkt, gëtt ganz séier penibel, well et kommen natierlech och déi eng oder aner pikant Saachen op den Dësch. Hei stellt sech also d’Fro : Wéi fill Geheimnisser verdréit eng Frëndschaft, respektiv eng Bezéiung?

Das perfekte Geheimnis liwwert ee Cast, dee sech richteg gutt liest. Elyas M’Barek, Florian David Fitz, Jella Haase, Karoline Herfurth, Frederick Lau an Jessica Schwarz. Wien Fan vu Fack Ju Göhte ass oder war, dee sollt sech de Film op kee Fall entgoe loossen.

Eis Redaktioun setzt perséinlech esou séier wéi méiglech am Kino.