Kino News"Star Wars ass vum Dësch"

Leschten Update: 05.11.2019, 18:25:01

© KEVIN WINTER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Den 18. Dezember geet mat Star Wars Episod 9 d‘Skywalker Saga op en Enn.

Dono konzentréiert sech Disney op den hauseegene Streamingdéngscht.
Am November soll jo schon an den USA The Mandalorian ulafen.
Dono sinn zwee weider Serie geplangt. Eng iwwer de Cassian Andor (Rogue One) an eng iwwer den Obi-Wan Kenobi.

Dono, 2022, sollt eng nei, eegestänneg Trilogie an de Kino kommen.
Responsabel ware bis elo den David Benioff an den D.B. Weiss. Béid Produzente stiechen zum Beispill hannert dem Succès vu Game Of Thrones. Si sollten eng nei Welt, nei Charakteren a nei Geschichten am Star Wars Universum erschafen.
Allerdéngs huet den Duo och e Kontrakt mat Netflix iwwer 300 Milliounen Dollar ofgeschloss. Och hiren Dag hätt just 24 Stonnen. Sou hätt een sech decidéiert, aus Zäitgrënn, de Projet Star Wars ofzeginn. 

Geplangt war eng Geschicht, déi e puer dausend Joer virun den Evenementer aus der Skywalker-Saga sollt spillen. Et wollt een erausfannen wéi d'Jedi-Ritter entstanen sinn.
Op dës Geschicht elo komplett vum Dësch ass, respektiv wéi et mat der Franchise wäert weidergoen, ass net gewosst.