Kino NewsHalloween Kills

Halloween ass eriwwer an awer kann ee sech schonn op d'Editioun 2020 freeën.

Leschten Update: 05.11.2019, 18:25:08

Wann et em Horror-Filmer geet, gehéiert den Halloween-Franchise zu de Klassiker. Zënter 1978 gëtt hei d’Geschicht vum Mäerder Michael Myers erzielt.

De 25. Oktober 2018, also genee 40 Joer no den Evenementer aus dem éischte Film, ass eng Fortsetzung an de Kino komm.

Gutt Noriichte fir d'Fans: Nächst Joer soll d'Geschicht endlech op en Enn goen. An de Film ass wéi et schéngt och schonn an der Këscht.

Regie féiert den David Gordon Green. An och den John Carpenter, deen och scho beim éischte Film matgeschafft huet, wäert d’Filmmusek komponéieren.

Am Allgemengen dierf sech Fans op den originale Cast freeën. Souwuel d’Jamie Lee Curtiss, wéi och den Nick Castle wäerten an den Haaptrolle sinn.

Halloween Kills kënnt de 16. Oktober 2020 an de Kino.