Film vun der WochMidway

De Roland Emmerich traut sech no bal 20 Joer erëm un eng historesch Produktioun.

Leschten Update: 06.11.2019, 12:31:58

© Marco Garcia / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Filmer, déi am zweeten Weltkrich spillen, ginn et wéi Sand um Mier. Saving Privat RyanInglorious Bastards, Fury oder och Dunkirk, fir eleng just e puer Blockbuster ze nennen. De Star Regisseur Roland Emmerich bréngt mat Midway e neie Film an de Kino.

Mir erënneren eis un de Film Pearl Harbor aus dem Joer 2001. Deemools stoungen de Ben Affleck an den Josh Harnett an der Haaptroll. Midway spillt geschichtlech 6 Méint méi spéit. No der Kamikaze-Attack vun de Japaner op Pearl Harbor ass d’US-Navy zu engem Groussdeel zerschloen. Wärend vill Pilote just nach Revanche am Sënn hunn, ermëttelt d’CIA eng zukünfteg Attack vun de Japaner op d’Midway Inselen. Fir hir Basis ze verdeedegen an de Krich nach ze dréinen, decidéiert d’US-Navy, der japanescher Flott eng Fal ze stellen. 

De Roland Emmerich ass éischter fir seng futuristesch Filmer bekannt. Independence Day, The Day After Tomorrow an 2012 si just e puer Beispiller. No bal 20 Joer traut sech de Regissuer endlech erëm un eng historesch Produktioun. A genee dat mécht Midway fir eis esou interessant. Dobäi kënnt e Cast, dee sech richteg gutt liest, och wa keng Superstaren dobäi sinn. Nimm wéi Luke Evans, Dennis Quaid, Mandy Moore an Aaron Eckhart stiechen hei an d'Ae.

Fazit: Midway ass ee Film, dee säi Budget vu knapp 100 Milliounen Dollar sécher erëm wäert aspillen. De groussen Highlight vum Joer 2019 ass et awer net.