Kino NewsBad Boys 3 - Neien Trailer

No 17 Joer sinn de Will Smith an de Martin Lawrence erëm als onkonventionell Polizisten am Kino ze gesinn.

Leschten Update: 05.11.2019, 18:25:13

© Screenshot Youtube

De Will Smith an de Martin Lawrence spillen am neie Bad Boys For Life erëm d'Miami Poliziste Mike Lowrey a Marcus Burnett. Kollegen, déi an de leschten zwee Filmer Héichten an Déiften zesummen erlieft hunn. Hir Zesummenaarbecht war allerdéngs bis op Weideres op Äis geluecht. Wéi den Armando Armas probéiert, de Mike ëmzebréngen, musse béid Polizisten erëm zesummeschaffen. Dobäi ginn si allerdéngs mat enger neier Generatioun u Poliziste konfrontéiert.

Bad Boys For Life kënnt 17 Joer nom leschten Deel an de Kino. Et ass ee Projet, dee laang onsécher war an dacks huet misse verréckelt ginn. Ënnert anerem wéinst anere Filmer vum Will Smith.

Mat dobäi sinn och nach d'Vanessa Hudgens, den Alexander Ludwig an den Charles Melton.

Bad Boys For Life kënnt den 16. Januar 2020 an de Kino.