Kino NewsFrozen 2 - Kritiken

Matt Frozen huet Disney e Film erausbruecht, deen och haut nach Millioune Leit begeeschtert. Geschwënn kënnt d'Fortsetzung eraus!

Leschten Update: 19.11.2019, 07:50:53

© Youtube

Disney ass bekannt dofir, zënter Joerzéngte Kanner an Erwuessener ze begeeschteren. Dat mat senge fantasievolle Geschichten a Welten. 

E Beispill ass och de Film Frozen aus dem Joer 2013. Mat iwwer 1,2 Milliarden US-Dollar jorelaang den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten.
Fanartikele vun dësem Film waren aus kenger Primärschoul oder Schlofkummer ewech ze denken. 

Kee Wonner also, dass Disney eng Fortsetzung plangt. Dës kënnt de 20. November 2019 an de Kino an esou geet d'Geschicht ronderëm d’Prinzessin Elsa, d’Anna an de Schnéimännchen Olaf also an eng zweet Ronn.

Mat responsabel fir de Succès vum Film war de Soundtrack. Elleng Let It Go krut en Oscar an de Video huet eleng op Youtube ronn 2 Milliarde Views. Produzéiert gouf d'Lidd deemools vum Komponisten-Duo Kristen an Anderson-Lopez.

Déi nämmlecht Komponiste goufen och fir d'Fortsetzung engagéiert. Elleng si hu siwe Songs produzéiert, dorënner d'Lidd Into The Unknown. Hei geet et ëm d'Elsa, déi probéiert, den Ursprong vu senge Kräften ze fannen.

Eng Woch virum Release sinn dann op Twitter déi éischt Meenunge vu Kritiker publizéiert ginn. Zwar géing d'Fortsetzung net ganz un den Original erukommen, ma Frozen 2 begeeschtert op ganzer Längt.








No enger aventuriéiser Rees am éischten Deel vu "Frozen" hunn déi 2 Schwësteren Elsa an Anna sech am Film "Frozen 2" endlech nees zréck a genéissen dat roueg Liewen zu Arendelle, bis enges Daags eng magesch Stëmm d'Prinzessin Elsa an de Bësch zitt. Dës Stëmm versprécht dem Elsa all seng Froen ze beäntwerten: Wisou ass d'Elsa esou, wéi hatt ass? Wisou huet grad hatt magesch Kräfte? Zesumme mat senger Schwëster dem Anna, dem Olaf, dem Sven an dem Kristoff mécht hatt sech op de Wee fir d'Rätsel ze léisen an Äntwerten ze kréien. Op dëser Aventure mussen déi 2 Schwësteren net nëmmen zesummen halen, ma och mat Mutt, Vertrauen a Geschwëster-Léift fir eneen astoen!

Fans kënnen sech op also Frozen 2 freeën. Disney ass jo bekannt dofir, just eng Fortsetzung ze maachen, wann een och selwer un d'Geschicht gleeft.