Film vun der WochLe Mans '66

Wann een zwee Oscar-Gewënner matenee kombinéiert, dann entsteet e richteg gutte Film.

Leschten Update: 13.11.2019, 14:09:52

© Youtube

Wien huet deen Décksten, dee Beschten, dee Längsten an dee Schéinsten? Et si Froen, déi an der Vergaangenheet schonn dacks fir Konflikter gesuergt hunn. Sou zum Beispill am Joer 1966 an der Auto, respektiv Motorsport-Welt. Genee dorëms dréint sech Le Mans' 66.

D'Geschicht vum Film ass relativ séier erkläert: 
Am Joer 1966 plangt den Autoskonstrukteur Ford en Auto ze bauen, dee méi séier ass wéi ee Ferrari. Den Auto soll capabel sinn, Ferrari bei der grousser 24-Stonnen-Course vu Le Mans ze schloen. Engagéiert gëtt also de motivéierte Konstrukteur Caroll Shelby an de kontroversen Autorennfuerer Ken Miles. Béid Männer mierken allerdéngs relativ séier, dass fir eng Victoire méi néideg ass, wéi just en décke Moto.

De Kritiker no, iwwerzeegt Le Mans' 66 virun allem mat sengen zwee Schauspiller Christian BaleMatt Damon. Hir Rolle wiere glafwierdeg an exzellent gespillt. Verschidden Experte schwätze esouguer vun enger méiglecher Nominéierung fir den Oscar. Dobäi kënnt, dass de Film relativ simpel gehalen ass an et muss ee bei wäitem kee Motorsport-Fan sinn, fir de Film ze verstoen a gutt ze fannen.

Fazit
: Den 21. November maachen d'Chrëschtmäert an der Stad hir Dieren op. Le Mans' 66 ass e gudde Film, fir seng Zäit bis dohin ze notzen.