Kino News"Joker" stellt e weidere Rekord op

Den Thriller "Joker" huet e weidere Rekord opgestallt. Weltwäit huet de Film elo eng Milliard Dollar agespillt.

Leschten Update: 17.11.2019, 09:16:51

© KEVIN WINTER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Den "Joker" huet e weidere Rekord opgestallt - Weltwäit huet en eng Milliard Dollar agespillt. Et ass domat den éischte Kinofiilm fir iwwer 17-Järeger (sougenannten "R-Rated-Film"), deen dës Grenz iwwerschratt huet.

Bis elo waren déi erfollegräichst Filmer fir iwwer 17-Järeger "The Matrix Reloarded" (830 Milliounen Dollar) an "Deadpool 2" (785 Milliounen Dollar).