Kino NewsBeverly Hills Cop

70 Milliounen Dollar bréngen den Eddie Murphy op Netflix.

Leschten Update: 19.11.2019, 15:25:39

© Youtube

Den Eddie Murphy kenne vill Leit als Dr. Doolitle oder och als Detective Axel Foley an der Franchise Beverly Hills Cop.

Déi dräi Filmer hunn am Ganzen zesummen 735 Milliounen Dollar weltwäit agespillt. De leschten Deel ass 1994 an de Kino komm.

An der Vergaangenheet hat een dacks probéiert, e véierten Deel, respektiv eng eegestänneg Serie ze produzéieren. Projeten, déi alleguer op Äis geluecht goufen. Elo soll awer Netflix en Deal mat Paramount Pictures agaange sinn. 

Beverly Hills Cop 4 wäert an Zukunft also op Netflix erauskommen. Den Datum ass bis elo awer nach net bekannt. 70 Milliounen Dollar soll den Eddie Murphy da fir seng Roll kréien. Och de Regisseur Jerry Bruckheimer ass erëm mat dobäi.

Netflix baut also weiderhin op Eegeproduktiounen. Ëmmerhi muss een de Verloscht vu ville Lizenzen duerch Disney + kompenséieren.