Film vun der WochLast Christmas

De Kult-Song vu Wham gëtt et elo net just am Radio, ma och am Kino!

27.11.2019, 04:00:38

Wa Chrëschtdag méi no kënnt, ertéint och Last Christmas vu Wham aus allen Ecken (virun allem beim Andy an der Morningshow). Bei dësem Lidd dréine verschidde Leit de Radio op Maximum, anerer maache komplett aus a freeën sech schonn op déi Zäit no der Feierdeeg. An egal zu wéi enger Kategorie ee gehéiert, de Song ass Kult. Genee dowéinst gouf d'Geschicht och elo verfilmt.

D'Kate schafft als Chrëscht-Elf zu London an engem Chrëschtbuttek, deen dat ganzt Joer iwwer op ass. Weder berufflech, nach privat leeft et fir hat besonnesch gutt. Ma typesch fir Chrëschtdag,  enges Dags begéint hat dem mysteriéisen Tom, deen et fäerdeg bréngt, dem Kate erëm Selbstvertrauen a Liewensfreed ze schenken.

De Message vum Kultsong bleift also dee nämmlechten, gëtt allerdéngs liicht anescht erzielt.

Dem Emma Thompson, déi d’Dréibuch geschriwwen huet, war et wichteg, dass de Public mat engem gudde Gefill aus dem Kino geet. Wéi wann ee grad ëmäerbelt gouf souzesoen. Mir mussen eis, de Produzente no, eiser Mënschlechkeet aktuell erëm méi bewosst ginn.



Last Christmas kënnt bei de Kritiker net gutt ewech. E negativen Aspektiv ass hei wéi et schéngt d'Story. De Public ass allerdéngs iwwerzeegt. Virun allem wéinst enger gudder Portioun Häerz, Witz a wéinst dem Emilia Clarke an der Haaptroll. De Film ass also genee wéi de Wham-Song net fir Jiddereen. E passt awer perfekt an déi aktuell Zäit.