Kino NewsMichael Jackson Biopic

Dem Michael Jackson seng Liewensgeschicht gëtt verfilmt.

Leschten Update: 26.11.2019, 15:06:51

© CARL DE SOUZA / AFP

Lescht Joer ass mat Bohemian Rapsody e Biopic iwwer d’Band Queen an de Kino komm. De Rami Malek krut fir seng Roll als Freddy Mercury esouguer den Oscar fir de beschte Schauspiller.

De Produzent Graham King plangt elo genee esou ee Film iwwer d’Bee Gees an iwwer de King of Pop, de Michael Jackson. D’Rechter vu senger Musek hätt een sech scho geséchert an den John Logan, dee schonn d’Dréibuch fir Gladiator geschriwwen huet, soll och un dësem Projet bedeelegt sinn.

Dat ganzt Liewe vum Museker soll behandelt ginn, also och säin Dout an déi méi kontrovers Aspekter. Dës ware jo rezent am Documentaire Leaving Neverland thematiséiert ginn.