Kino NewsFrozen 2 brécht Rekorder

Wann ee frou aus dem Kino geet, dann hunn d'Produzenten alles richteg gemaach.

Leschten Update: 26.11.2019, 15:11:07

Frozen war am Joer 2013 e weltwäiten Hit. Bis viru kuerzem war de Film den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten (Merchandise net mat agerechent). Deementspriechend hat ech héich Erwaardungen un d'Fortsetzung. An och d'Fans weltwäit hunn sech gefreet. Dat huet een eleng um Interessi fir den Trailer, respektiv um Virverkaf gemierkt. Eppes kann ech scho soen: D'Elsa war eleng nom éischten Deel schonn immens beléift bei de Kanner. Den Hype an d'Sympathie wäert nom zweeten Deel awer nach e gutt Stéck an d'Luucht goen.




Akommes :

6 Joer hunn d'Produzenten sech Zäit geholl, fir d'Fortsetzung ze produzéieren. An d'Rechnung schéngt opzegoen, well Frozen 2 huet um éischte Weekend weltwäit 350 Milliounen Dollar agespillt. Dat ass méi wéi den éischten Deel am Joer 2013. Domadder ass et och den erfollegräichsten Animatiounsfilm, dee net am Summer erauskomm ass. Eleng The Lion King huet am Summer 2019 liicht besser ofgeschnidden. Frozen ass awer um gudde Wee de sechste Film ze ginn, mat deem Disney dëst Joer iwwer 1 Milliard Dollar aspillt.

Story :


Am zweeten Deel gi mir op d'Sich no den Originne vum Elsa a senge magesche Kräfte. Och probéieren d'Schwësteren erauszefannen, wat mat hiren Eltere geschitt ass. Sou mussen d'Elsa, d'Anna, de Sven an de Kristoff an e magesche Bësch goen, an deem aktuell och net alles riicht leeft. D'Geschicht ass am zweeten Deel méi düster an och méi erwuessen. Ma net vergiessen, et ass en Disney-Film. Zum Schluss sinn ech glécklech aus dem Kino gaangen. Begeeschtert huet mech virun allem déi Aart a Weis, wéi de Film zum Schluss op d'Conclusioun, respektiv op déi passend Moral kënnt.


Charakteren:


Am Film ginn d'Charakteren aus dem éischten Deel weiderentwéckelt, op eng Aart a Weis, déi een esou net besser ka maachen. Dat mierkt een eleng beim Olaf. Disney huet erkannt, dass hien (genee wéi d'Minions am Despicable Me) de Star beim Public ass. Sou huet de Schnéimännchen am zweeten Deel wesentlech méi Plaz fir säi Charme a säi Witz. Och mierkt ee beim Olaf alt erëm: Léift ass am Liewen dat Wichtegst!




Soundtrack:

De Soundtrack ass bis haut an engem Disney-Film immens wichteg. Mat Hëllef vun de Lidder ginn Emotiounen a Geschichten erzielt. Virun allem hei huet den éischten Deel iwwerzeegt gehat. Net fir Näischt gouf et fir Let It Go den Oscar fir de beschte Soundtrack. Verdéngt kruten d'Idina Menzel an d'Kristen Bell (am Film d'Synchronspriecher vum Anna an Elsa) dës Woch och e Stär um Hollywood Walk of Fame.

De Soundtrack vum zweeten Deel huet mir perséinlech, bis op eng Ausnam, besser gefall. D'Lidder gi wesentlech besser eran a si bei wäitem net esou theatralesch. Eleng de Song "Into The Unknown" gëtt am Film perfekt inzenéiert.



Fazit:

Disney bréngt just eng Fortsetzung eraus, wann déi Responsabel och selwer un de Film gleewen. An dësem Fall huet Disney quasi alles richteg gemaach. Ob eleng oder mat der ganzer Famill, Frozen 2 soll een sech op kee Fall entgoe loossen. Fir mech no Avengers an Joker, den drëtt-beschte Film vum Joer 2019!