Kino NewsStar Wars: Episode IX - Nei Detailer

Nach viru Chrëschtdag kënnt de neie Star Wars! De Regisseur versprécht Grousses!

Leschten Update: 26.11.2019, 15:17:14

© YouTube

Den 18. Dezember kënnt Star Wars IX - The Rise Of Skywalker an de Kino. Et ass bis 2022 de leschte Star Wars Film, deen an de Kino kënnt an zäitgläich och de groussen Ofschloss vun der Skywalker-Saga.

De Film spillt ee Joer no Episod 8 an d'Rey an de Kylo wäerten sech fir eng leschte kéier duelléieren.

D'Daisy Ridley huet sech an engem Interview dann och begeeschtert iwwer den Imperator gewisen. Et wier ee vun de wichtegsten a geféierlechste Personnagen aus dem Star Wars Universum. Säi Retour wier fir den Ofschloss vun der Geschicht immens wichteg. D'Fans missten sech awer keng Suerge maachen. Während dem Film géif alles erkläert ginn.

Och de Regisseur J.J. Abrams huet sech zu Wuert gemellt: Ech verstinn d'Suerge vun de Fans. Ma ech wëll eng Verbindung zu den aneren 8 Filmer opbauen. Ech selwer kennen net vill Geschichten, déi sech géinter Schluss net mat deem befaasst hunn, wat virdrunner geschitt ass. D'Fans wäerte net enttäuscht ginn. No 42 Joer wëll een als Fan natierlech, dass déi laang Rees derwäert war. Dass ee schlussendlech zefridden ass. De Schluss soll gläichzäiteg emotional sinn, awer och Gléck bréngen. Genee dat wäert antreffen.




Vun elo un, kann een an den USA dann scho seng Tickete fir de neie Film virbestellen. An hei huet Episod 9 elo schonn e Rekord opgestallt: Nach ni goufen an der éischter Stonn esouvill Tickete bestellt. Et sinn elleng 45% méi wéi demols bei Avengers-Endgame.