Kino NewsDeadpool 3

Nieft "Marvel" a "Lucasfilm", féiert Disney elo och fréier Produktiounen vun "20th Century Fox" weider.

31.12.2019, 14:00:14

© Youtube

Disney ass hautdesdaags déi gréisst an och erfollegräichst Produktiounsfirma eiser Zäit. Zanter 2019 huet d'Entreprise sech och d'Rechter vun 20th Century Fox geséchert. Dorënner falen och Produktioune wéi "Deadpool".

Och wann béid Filmer weltwäit en immense Succès haten, war laang net sécher, ob eng weider Fortsetzung a Fro kënnt. Ëmmerhi sinn R-Rated Filmer, wéi och schwaarzen Humor, net onbedéngt d'Aushängeschëld vun Disney.

Ma no laangem Hin an Hir huet elo de Schauspiller a Produzent Ryan Reynolds confirméiert, dass Deadpool 3 definitiv an de Kino kënnt. Mat der Produktioun hätt een och schonn ugefaangen.