Kino NewsAvatar 2 - éischt Andréck

2021 kritt ee vun den erfollegräichste Filmer iwwerhaapt, eng Fortsetzung.

Leschten Update: 07.01.2020, 15:33:17

© Youtube

Am Abrëll dëst Joer ass "Avengers – Endgame" an de Kino komm. Mat ronn 2,8 Milliarden Dollar Akommes ass et den erfollegräichste Film vun allen Zäiten. En Titel, deen 10 Joer laang de Film Avatar fir sech behale konnt.

Ma den James Cameron plangt bis 2024 nach véier weider Fortsetzungen. An de Regisseur huet ugekënnegt, dass Avatar 2, dee Chrëschtdag 2021 an de Kino kënnt, Avengers erëm wäert hannert sech loossen. Den James Cameron versprécht nämlech eng Kinosrevolutioun an dee wuel gréisste Filmprojet, deen et an Hollywood jeemools gouf. Och wéilt ee bei de Spezialeffekter eppes komplett Neies bidden.




No de Feierdeeg liwwert den James Cameron verschidde Biller aus der Produktioun. An de nächsten Deeler wäert de Public nach onbekannt Deeler vu Pandora entdecken. Bis elo hu mir just den Dschungel erlierft. Ma de Planéit bitt ënnert anerem veschidden Inselen, Fielslandschaften an natierlech, ganz vill Waasser.

Enner Waasser wäert dann och e Groussdeel vum Film spillen. Déi zwee Haaptcharakteren Neytiri a Jake Sully mussen sech nämlech mat engem Ënnerwaasser-Vollek zesummendinn, fir eng nei Gefor ze bekämpfen.