Film vun der Woch1917

Den neie Film vum Regisseur Sam Mendes gouf bei de Golden Globes als beschten Drama ausgezeechent.

Leschten Update: 09.01.2020, 11:36:04

© Youtube

Filmer iwwer den éischten, respektiv zweete Weltkrich komme reegelméisseg op de Marché. Gutt, respektiv innovativ Produktioune waren an de leschte Joren allerdéngs éischter seelen. Eng Ausnam ass vläicht Dunkirk vum Christopher Nolan. Ma 1917 vum Sam Mendes liwwert endlech erëm eng realistesch Approche.

De Film spillt am éischte Weltkrich am Joer 1917. De Blake an de Schofield sinn zwee brittesch Zaldoten, déi eng geféierlech, quasi onméiglech Missioun kréien. Si mussen sech laanscht déi feindlech, däitsch Truppe schmuggelen, fir eng aner Divisioun virun enger hannerhälteger Fal ze warnen. D’Liewe vun 1600 Zaldoten, dorënner och dem Blake säi Brudder, läit also an hirer Hand.







1917 krut bei de Golden Globes de Präis fir de beschten Drama. De Film gëtt esouguer als Favorit fir den Oscar ugesinn. Virun allem an den technesche Kategorien. Negativ Kriticken hu mir ganz éierlech keng fonnt. Et si virun allem déi gutt Schauspiller an déi perfekt gefilmten Seenen, déi begeeschteren.

Aner Filmer hunn déi schlëmm Aspekter vum Krich éischter distanzéiert behandelt. 1917 mécht de Géigendeel. De Fokus läit vill méi op den Zaldoten an hirer mënschlecher Säit, déi Dag fir Dag mat Doudangscht ze kämpfen haten.

E Film, dee mir Iech wäermstens un d’Häerz leeën. Definitiv e Kandidat fir den Oscar.