Kino NewsOnce Upon a Time in Hollywood - Director's Cut

De Blockbuster vum Quentin Tarantino soll ronn 240 Minutten daueren.

Leschten Update: 08.01.2020, 15:18:32

© FREDERIC J. BROWN / AFP

Dës Woch gouf et bei de Golden Globe Awards dräi Auszeechnunge fir de Film Once Upon a Time...in Hollywood. De Blockbuster krut de Präis fir dat beschten Dréibuch, de beschten Niewenduersteller an de beschte Film an der Kategorie Comedy/Musical.

De Film ass eng Hommage un Hollywood aus de 60er Joren an erzielt d'Geschicht vum Rick Dalton (Leonardi Di Caprio) a Cliff Booth (Brad Pitt).

De Groussdeel vun de Kritiker ass vum Film begeeschtert. De Public war allerdéngs dacks gelangweilt. Ee Grond war déi laang Lafzäit vun 161 Minutten.

De Quentin Tarantino bréngt 2021 elo en Director's Cut op de Marché bréngen. Dëse soll 240 Minutten daueren an nieft geläschte Seenen, och nei Personnage weisen.

Laang war de Regisseur sech onsécher, ob de Public sech esou ee laange Film iwwerhaapt wëll undoen. Sony huet allerdéngs elo gréng Luucht ginn.