Kino NewsBatman - Neie Schauspiller confirméiert

Nieft dem Robert Pattinson gouf elo e weidere Schauspiller fir de Cast confirméiert.

Leschten Update: 08.01.2020, 15:18:34

© Michael Tran / AFP

De Batman ass eng Figur, déi aus dem Superhelden-Universum vun DC net méi ewechzedenken ass.

An der Vergaangenheet gouf den Antiheld scho vu verschiddene Schauspiller verkierpert. Rezent vum Ben Affleck, dee vun de Fans awer zu engem Groussdeel ofgeleent ginn ass. Och d'Akommes vun "Dawn Of Justice" oder "Justice League" ass ënnert den Erwaardunge bliwwen.

De Matt Reeves, deen och scho fir "Planet der Affen: Survival" responsabel war, plangt fir 2021 elo e neien Deel.

Hei gëtt de Batman vum fréieren Twilight-Star Robert Pattinson verkierpert. Hei kritt hien et direkt mat e puer Géigespiller ze dinn.

De Colin Farrell (Alexander, Miami Vice, Phone Booth, Total Recall) gouf elo fir d'Roll vum sougenannte Pinguin confirméiert.

Weider Detailer ginn et bis elo nach net.