Kino NewsKnives Out 2?

Den Daniel Craig weist aktuell och ausserhalb vun James Bond säin Talent als Schauspiller.

Leschten Update: 08.01.2020, 15:18:28

© Youtube

Am November ass Knives Out zu Lëtzebuerg an de Kino.

Zum Cast gehéieren ënnert anerem de Chris Evans, d'Jamie Lee Curtis, d'Katherine Langford an den Daniel Craig an der Haaptroll.

De Film vum Regisseur Rian Johnson kënnt beim Public a bei de Kritiker gutt ewech un huet weltwäit schonn 250 Milliounen Dollar agespillt.

Och wann et vun der Produktiounsfirma nach keng offiziell gréng Luucht gëtt, plangt de Regisseur aktuell schonn eng Fortsetzung vu senger Hommage un d'Agatha Christie.

Den Detektiv Benoit Blanc soll hei engem neie Fall zougedeelt ginn. Am Beschten natierlech och erëm mam Daniel Craig. D'Chancë stinn hei net schlecht, ëmmerhin ass de Schauspiller net méi un den James Bond Franchise gebonnen an d'Produktioun hätt him och grousse Spaass gemaach.