Kino NewsFrozen 2 brécht Rekord

Disney huet 2019 ronn 14 Milliarden Dollar agespillt. Mat responsabel fir de Succès ass ënnert anerem Frozen 2.

Leschten Update: 08.01.2020, 15:18:30

Am November ass sechs Joer nom Original, d'Fortsetzung vum Disney-Klassiker Frozen an de Kino komm.

Ronderëm d'Feierdeeg huet Disney de Bilan vum leschte Joer gezunn. VarietyBoxoffice.com hunn elo confirméiert, dass Frozen 2 zanter sengem Release am November, 1,32 Milliarden Dollar agespillt huet. Domat ass d'Produktioun offiziell den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten.

De Rekord gouf bis elo vum Original aus dem Joer 2013 gehalen.

Zwar war "The Lion King" am Summer 2019 nach en Tick méi erfollegräich, allerdéngs kann een de Remake vum John Favreu streng gesinn, net als Animatiounsfilm bezeechnen.