Kino NewsThe Greatest Showman 2

De Soundtrack vum éischten Deel huet en Golden Globe an e Grammy gewonnen. De Regisseur confirméiert elo eng Fortsetzung.

Leschten Update: 08.01.2020, 15:18:27

© Youtube

Ronderëm d'Feierdeeg ass d'Verfilmung vum Kult-Musical "Cats" an de Kino komm. E Film, deen sech als absolutte Flopp an Milliouneverloscht erausgestallt huet.

E Musical-Drama, dee wesentlech besser ewechkomm ass, war lescht Joer The Greatest Showman.

De Film mam Hugh Jackman an der Haaptroll huet weltwäit 434 Milliounen Dollar agespillt. Verständlech, dass de Regisseur Michael Gracey an engem Interview mat The Sun verroden huet, dass aktuell schonn un engem zweeten Deel geschafft gëtt.

Géigeniwwer BBC huet sech och elo de Schauspiller Hugh Jackman zu Wuert gemellt. Detailer hätt hie bis elo nach keng, allerdéngs wier hie fir eng Fortsetzung duerchaus oppen.

E Comeback vu senger Figur schéngt allerdéngs éischter onwarscheinlech, schafft de P.T. Barnum zum Schluss vum éischten Deel jo als Politiker a Geschäftsmann.