Kino NewsDas Schweiger der Lämmer - Serie

De Klassiker aus de 90er Joren gëtt an de nächste Joren als Serie weidergefouert.

Leschten Update: 16.01.2020, 10:47:41

© Youtube

Op Vältesdag 1991 ass Das Schweigen der Lämmer an de Kino komm. E Kultfilm, deen an den 2000er ënnert anerem duerch "Hannibal" weidergefouert gouf.

1992 huet d'Produktioun 5 Oscare gewonnen. Ënnert anerem gouf et fir d'Jodie Foster an den Anthony Hopkins d'Präisser fir déi bescht Schauspiller.

CBS wëll de Film elo als Serie weiderféieren. Dës spillt genee ee Joer no den Evenementer aus dem Film an d'Geschicht dréint sech ëm d'FBI-Agentin Clarice Starling, déi och weiderhi Juegd op Psychopaten a Seriekiller mécht. Och ginn et Hannergrënn zum Charakter, déi am Original éischter ongekläert bliwwe sinn. 

Weider Detailer zum Release oder de Schauspiller ginn et bis elo nach net.