Kino NewsBambi - Remake

An den nächste Jore bréngt Disney e weidere Klassiker nei op de Marché.

Leschten Update: 28.01.2020, 15:39:28

© Screenshot YouTube

Disney ass hautdesdaags déi erfollegräichste Produktiounsfirma vun allen Zäiten. Eleng am Joer 2019 huet d'Entreprise verschidde Rekorder opgestallt. Ënnert anerem goufe weltwäit iwwer 10 Milliarden Dollar agespillt.

Mat responsabel fir de Succès si mat Sécherheet d'Neiverfilmunge wéi Aladdin oder The Lion King.

An den nächste Jore bréngt Disney, bal 80 Joer nom Original, de Remake vum Klassiker Bambi op de Marché.

De Film soll, genee wéi The Lion King oder The Jungle Book, als Live-Action-Remake erauskommen. 

Variety no sollen d'Auteure Geneva Robertson-Dworet (Captain Marvel) a Lindsey Beer um Dréibuch schaffen.

Wéini de Film erauskënnt, respektiv op de Bambi op Disney Plus oder am Kino publizéiert gëtt, ass bis elo nach net gewosst.

Bambi ass allerdéngs net déi eenzeg Neiverfilmung un där aktuell geschafft gëtt. Disney plangt och nach Remakes vu Cruella, Arielle, Peter Pan, Lilo & Stitch an Der Glöckner von Notre Dame.