Kino NewsThe Hunger Games - Prequel

An den nächste Jore soll e neie Film aus der Welt vun "The Hunger Games" an de Kino kommen.

Leschten Update: 28.01.2020, 16:23:15

© Youtube

The Hunger Games mam Jennifer Lawrence an der Haaptroll war an de Joren 2012 bis 2015 e weltwäite Succès.

D'Schrëftstellerin Suzanne Collins bréngt den 19. Mee eng nei Geschicht aus der Welt Panem op de Marché.
Kuerz dono soll d'Verfilmung vu Lionsgate produzéiert ginn.

The Ballad of Songbirds and Snakes spillt 64 Joer virun den Evenementer aus de leschte Bicher. Elo huet sech erausgestallt, de Prequel dréint sech ronderëm de President Coriolanus Snow. De Personnage, dee mir als manipulativen Tyrann a Mäerder kennen, soll als Held duergestallt ginn. En Teenager, deen deemools nach frëndlech a charmant war.