Kino NewsMatrix 4 geet an d'Produktioun

No laanger Zäit kënnt endlech eng Fortsetzung eraus.

Leschten Update: 04.02.2020, 16:24:48

© Screenshot YouTube

Laang waren et nëmme Spekulatiounen, ma elo ass et offiziell. Matrix kritt eng Fortsetzung an zwar Matrix 4. Ganzer 15 Joer no der ursprénglecher Trilogie ass et esou wäit, de Keanu Reeves an d'Carrie-Anne Moss iwwerhuelen nees hier Rollen als Neo an Trinity, fir d'Mënschheet an enger däischterer Zäit géint mächteg Maschinnen ze verdeedegen.

Als Regisseurin, Dréibuchauteurin a Produzentin gouf hei d'Lana Wachowski zesumme mat senger Schwester dem Lilly Wachowski engagéiert, déi och scho fir déi éischt 3 Filmer verantwortlech waren.

Iwwert d'Handlung ass nach net vill bekannt. Wat ee bis elo soe kann ass, dass et esou ausgesäit wéi wann Matrix 4 déi zentral Theme vun den éischten 3 Filmer géing opgräifen. Intressant gëtt et ze gesinn, wéi se un de Schluss vu Matrix Revolutions uknäppen an och verschidde Widderspréch opdecke wäerten.

An den USA ass de Kinostart fir den 21.Mee 2021 geplangt. De 5. Februar dëst Joer fänken dann d'Dréiaarbechten zu San Francisco un.

Den offiziellen Titel vum Film an och Informatiounen iwwert den Trailer ginn et bis ewell nach net.