Kino News"Hamilton" gëtt verfilmt

E Musical deen net verfilmt, mee einfach gefilmt gëtt an an d'Kinoe kënnt.

Leschten Update: 04.02.2020, 16:27:54

© Screenshot YouTube

Ganz laang war "Hamilton" nëmmen op der Bün ze gesinn. Ma elo bréngt Disney den erfollegräiche Musical vum Lin-Manuel Mirana an d'Kinoen an dat mat der Original-Besetzung.

Interessant ass, dass et sech hei net ëm eng Verfilmung handelt. De Studio huet sech d'Rechter fir ganzer 75 Milliounen Dollar geséchert an zwar vun enger Opzeechnung aus dem Joer 2016.

Et sinn 3 Virféierunge vun "Hamilton" déi am Richard Rogers Theatre zu New York matgefilmt gi sinn an zwar ouni Publikum fir eng richteg Film-Athmosphäre ze erméiglechen.

Ganzer 160 Minutten dauert d'Kinosversioun vum Musical a kënnt de 15. Oktober 2021 an den USA an de Kinoen eraus.