Kino NewsOscars 2020

Dëst Joer sinn et schonn déi 92. Academy Awards.

Leschten Update: 04.02.2020, 16:17:23

© MARK RALSTON / AFP

D'Academy Awards, esou de richtegen Numm vun den Oscars, ginn eiser Zäit an der Nuecht vum Sonndeg op de Méindeg nees verdeelt an dat zu Los Angeles am Dolby Theatre. Et ass eng vun deene gréisste Bünen aus den USA an huet Plaz fir 3'400 Leit. 

Säit leschtem Joer gëtt et da kee feste Moderator méi fir d'Awards, dat nodeems de Kevin Hart 2019 als Moderator kuerzfristeg ofgesot huet. Säit deem gëtt déi revolutionär Ännerung weidergefouert.

Mat 11 Nominéierungen ass de Film ''Joker'' hei de grousse Favorit. Ënnert anerem an de Kategorien beschte Film, bescht Regie a beschten Haaptduersteller. 10 Nominéierungen hunn och de Film ''The Irishman'' an ''Once Upon a Time in Hollywood'' kritt.

Elo ass et ofzewaarde wien sech dann alles iwwert e Präis dierf freeën.