ParasiteDe beschte Film vum Joer 2019

Bei den 92. Academy Awards zu Los Angeles war déi südkoreanesch Produktioun Parasite grousse Gewënner.

Leschten Update: 11.02.2020, 07:00:33

© Youtube

1917, Joker, Once Upon a Time in Hollywood an The Irishman. Dat waren déi véier Filmer, déi als Favorit an d’Course fir d’Oscare gaange sinn. Ma bei den 92. Acadamy Awards huet schlussendlech déi südkoreanesch Produktioun Parasite dominéiert.

Et gouf net just den Oscar fir de beschten internationale Film, ma och de Regisseur an Dréibuch goufen ausgezeechent. Iwwerrascht koum awer de wichtegste Präis vum ganzen Owend, an zwar Best Picture. Domat ass Parasite och den alleréischte Film ouni us-amerikanesch Bedeelegung, deen dëse Präis gewanne konnt.




Natierlech hate vill Leit aner Filmer um Schierm, ma et dierf een net vergiessen, schonn am Summer um Filmfestival zu Cannes krut Parasite net just 8 Minutte laang Standing Ovations, ma och de Präis fir de beschte Film.

Et si virun allem d’Schauspiller, d’Regie an d’Geschicht, déi bei Parasite esou faszinéieren. Thematiséiert ginn d’Klassenënnerscheeder a Südkorea. E Jong aus enger aarmer Famill fälscht en Unis-Diplom fir bei enger räicher Famill als Engleschproff ugestallt ze ginn. Séier gëtt awer däitlech, dass an der Famill net alles riicht leeft.




Wéinst dem Succès vu Parasite an der héijer Unzuel un Netflix-Produktioune bei den Oscaren, gëtt en Wiessel an Hollywood relativ däitlech. Déi soss sou klassesch a langweileg Academy gëtt méi oppen an och méi international.

Parasite aus Südkorea ass de beschte Film vum Joer 2019.