Kino NewsSaw: Spiral - Trailer

Saw ass bekannt fir vill Blutt, Brutalitéit a Psycho. Dat kéint sech an Zukunft awer änneren...

Leschten Update: 11.02.2020, 15:07:52

Virun zwee Joer ass mat "Jigsaw" den 8. Deel vun der Saw-Franchise an de Kino komm. De Reboot ass allerdéngs ënnert den Erwaardunge bliwwen.

Frësche Wand versprécht elo Spiral, dee weiderhi vu Lionsgate produzéiert gëtt.

D'Verännerunge kommen ënnert anerem duerch d'Aflëss vum Comedian Chris Rock, deen net just als Schauspiller, ma och als Produzent an Auteur, matgeschafft huet. E Cast, deen d'Fans allerdéngs beonrouegt huet.

De Schauspiller huet erkläert, dass hien schonn ëmmer Fan vu Saw gewiescht wier. Allerdéngs hätt hien un de Filmer ëmmer eng Portioun Witz gefeelt. Dës wëll hien elo am neien Deel änneren. Et kéint een zwee bis dräi Witzer abauen, ouni d'Konzept grouss ze veränneren. D'Fans missten sech also keng Suerge maachen. D'Struktur vun Spiral soll och weiderhi brutal a bluddeg sinn. Wéi een et eben vu Saw gewinnt ass.

Och nom éischten Trailer wësse mir iwwer de Film net vill méi. Ma genee dat mécht Saw - Spiral zum bis elo interessanteste Horrorfilm vum Joer 2020.

Mat dobäi sinn donieft och nach de Samuel L. Jackson an den Darren Lynn Bousman. De Regisseur war och scho fir Deel 2, 3 a 4 responsabel.