Kino NewsMinions 2 - Trailer

Fëllt de Stock vu Banannen erëm op, well d'Minions sinn zréck!

Leschten Update: 11.02.2020, 15:03:52

© Youtube

Se si kleng, giel, schwätze Kauderwelsch an déngem dem wuel gréisste Béisewiicht op der Welt. Am Despicable Me hunn si sech vum Sidekick zum Publikumslibling entwéckel an dowéinst huet den éischte Solo-Film vun de Minions net laang op sech waarde gelooss. Dësen huet 2015 iwwer 1 Milliard Dollar agespillt. Dowéinst ass et net verwonnerlech, dass am Juni elo den zweeten Deel an de Kino kënnt.

De Film mam Originaltitel Minions – The Rise of Gru spillt tëscht der Origin-Story an Despicable Me. Den zweeten Deel ass also zäitgläich SequelPrequel.

Schonn an de 1970er Jore war de nach klénge Gru dovunner begeeschtert, enges Daags e grousse Béisewiicht ze ginn. Sou wëll hie Member vun der Formatioun „Furious 6“ ginn. Nodeems si de Gru ofweisen, dono awer vun him beklaut ginn, entwéckelt sech de Gru selwer als Gejoten a muss mat Hëllef vu senge Minions dem Feind entgéinttrieden.