Kino NewsF9 - Trailer

Den Vin Diesel huet e Freiden mat vill Tam Tam den Trailer zum neien Fast & Furious verrëfentlecht.

Leschten Update: 11.02.2020, 15:23:28

© Youtube

Zanter 2001 gehéiert The Fast & The Furious zu den erfollegräichste Franchises iwwerhaapt. Och nom Dout vum Paul Walker gouf d’Geschicht ronderëm den Dominic Toretto weidererzielt. All Film spillt méi an wéi säi Virgänger an och de Spin-Off Hobbs & Shaw war lescht Joer am Summer e grousse Succès.

Dass d’Fans sech op de mëttlerweil 9. Deel freeën, weist d’Interessi um Trailer, deen no senger Verëffentlechung e Freide scho ronn 500 Millioune Views op Youtube erreecht huet. Och de Virverkaf leeft aktuell villverspriechend gutt.

De Vin Diesel huet verroden, dass dono nach en 10. Deel wäert erauskommen, deen d’Franchise soll als grouss Final ofschléissen. Hien kéint sech duerchaus virstellen, dass dësen (wéi och scho bei Harry Potter oder The Hunger Games) an zwee verschidden Deeler an de Kino komme soll.

Et bréicht een sech allerdéngs keng Gedanken ze maachen, ëmmerhi wier de Franchise esou erfollegräich, dass esouguer wieder Spin-Offs an Zukunft méiglech wieren.

Recht huet de Produzent mat dëser Ausso op alle Fall.

Fast 9 kënnt am Mee dëst Joer an de Kino.