Film vun der WochNightlife

De Film Nightlife weist, dass d'Nuetsliewen zu Berlin wierklech eng Welt fir sech ass...

Leschten Update: 12.02.2020, 10:29:09

De Zeki Müller ass ee Proff, dee sech vill Schüler bis haut wënschen. En ass chaotesch, liicht speziell, awer och richteg cool. E Charakter, dee mat responsabel fir de Succès vu Fack ju Göhte war. Verkierpert gouf hie vum Elyas M’Barek. Nodeems eréischt viru kuerzem Das perfekte Gehemnis erauskomm ass, mellt sech de Schauspiller elo mat sengem neie Film Nightlife zréck.

De Milo, gespillt vum Elyas M’Barek, ass e Macho a Fraeschwarm, dee quasi just am Nuetsliewen ënnerwee ass. Kee Wonner, well hie schafft als Barmann. No ville Bettgeschichte léiert hien enges Daags seng Dramfra d’Sunny kennen. De Problem ass, dass hatt an enger Woch berufflech an Amerika flitt. Sou mécht hien alles fir d’Sunny zu engem Date ze iwwerrieden. Ma hiren Owend verleeft chaotesch an alles anescht wéi romantesch, well bemol dem Milo säi Kolleeg Renzo opdaucht a verschidde Gangster am Gepäck huet, déi Juegd op den Trio maachen.




Nighlife
ass zäitgläich e Buddyfilm, Libesfilm a Komedie. Wärend déi eng soen, de Film hätt kee Kapp a kee Schwanz a wier net ze recommandéieren, luewen aner Kritiker d’Story an d’Schauspiller.

Ech mengen hei muss een sech d’Fro stellen ob ee Fan vum Elyas M’BarekPalina Rojinski a Frederick Lau ass.
Falls Jo, dann ass de Film genee dat Richtegt fir Iech.