Jobs @ Eldo

Du an der Eldo Newsredaktioun!

Eldoradio sicht Freelance-Newsredakter (m/w)

Aufgab:
- Redaktioun a Presentatioun vun den Eldo News

Viraussetzung:
- Groussen Interessi un der nationaler Aktualitéit an der Gesellschaft
- Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch
- Flexibilitéit a Spontanitéit
- Journalistesch Ausbildung an/oder redaktionnell Erfahrung ass vu Virdeel

Dat bidde mir:
- Interessant an dagesaktuell Themen déi och déi eegen Kreativitéit fuerderen
- Ofwiesslungsräich Aufgaben
- Méiglechkeet a Kontakter fir bei verschiddenen Themen ze recherchéieren an nozefroen
- Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Crew um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer
- Individuell Asatzzäiten


ELDORADIO
FREELANCE-NEWSREDAKTER
45, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG

Mir freeën eis iwwer all Demande (am léifsten akustesch) mat CV a Lettre de Motivation ob jobs@eldoradio.lu


Eldoradio sicht Pub-Stëmmen (m/w)

Aufgab:
- D'Schwätze vu kommerzielle Spotten op Eldoradio

Viraussetzung:
- Eng flott a sympatesch Stëmm
- Flexibel sinn

Dat bidde mir:
- Aktiv Mataarbecht bei der Produktioun vu Publicitéiten
- Eng kleng Gage
- Individuell Asatzzäiten


ELDORADIO
FREELANCE-KORRESPONDENTEN
45, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG

Interesséiert? Da mellt iech per Mail op jobs@eldoradio.lu


Eldoradio sicht Freelance-Korrespondenten (m/w)

Aufgab:
- Zesummestellen vu Rubriken oder Reportagen aus där auslännescher Stad an där ee wunnt a schafft oder studeiert

Viraussetzung:
- Groussen Interessi un der Aktualitéit an der Gesellschaft
- Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch
- Journalistesch Ausbildung an/oder redaktionnell Erfahrung ass vu Virdeel
- Wunneng mat Internetzougang an enger auslännescher Stad

Dat bidde mir:
- Interessant an aktuell Themen déi och déi eegen Kreativitéit fuerderen
- Deel ze sinn vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Crew um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer
- Individuell Asatzzäiten


ELDORADIO
FREELANCE-KORRESPONDENTEN
45, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG

Mir freeën eis iwwer all Demande (am léifsten akustesch) mat CV a Lettre de Motivation ob jobs@eldoradio.lu


Stage (Praktikum) bei Eldoradio?

Dir hutt Loscht a sidd motivéiert vir e Stage (Praktikum) vu 4 Wochen (oder méi) bei Eldoradio ze maachen?

Dir sollt op mannst 18 Joer hunn, en Auto-Führerschäin a lëtzebuergesch schwätzen.

Da probéiert ärt Gléck a schéckt eis ären CV an är Lettre de Motivation op jobs@eldoradio.lu oder per Post un:


ELDORADIO
STAGE
45, BD. PIERRE FRIEDEN
L-1543 LUXEMBOURG


Stage an der Eldoradio Musekredaktioun!

Entdeckt äre Radio!
Eldoradio ënnerstëtzt är Perspektiven an bitt engagéierten an motivéierten Talenter d’Méiglechkeet, mat engem Stage de Medium Radio kennenzeléiren a matzegestalten.
Mir bidden:

  1. en Abléck an d’Aarbechtsmethoden vun enger moderner Radioredaktioun
  2. aktiv Mataarbecht bei der deeglecher Selektioun an Veraarbechtung vun der Musek an dem Musekscontenu

Mir sichen:

  1. gutt Musekskenntnisser
  2. gutt Sproochkenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen
  3. Teamspirit
  4. op mannst 3 Méint Zäit

Schéckt eis w.e.g. är Demande op folgend Adress:
Eldoradio
Stage Musék
45. bd. Pierre Frieden
L-1543 Luxembourg
oder per Mail op jobs@eldoradio.lu

 


Wéi wier et als Eldoradio Nightlife Hobby-Fotograph?

 

 

Dir sidd Hobbyfotograf(in), éiweg um Tour a maacht gären Fotoen aus dem Nuetsliewen?

Dann schreiwt ons eng E-Mail mat Ären Donéen un photos@eldoradio.lu a gidd fraiwëllegen Eldoradio Fotograf!

Déi aktuell Foto-Crew fënnt een hei >>>