AlbumcheckThe XX- I See You

Di britesch Band The XX ass eng zimlech grouss Nummer an der Indie-szene. Elo sinn di 3 Londoner Museker lo zréck mat hirem 3. Album „I See You“.

Leschten Update: 01.02.2017, 16:16:07

Beim Album Nummer 3 gëtt traditionell vun enger Band erwaart, dass si sech wieder entwéckelt. Ween um 3. Album ëmmer nach sou kléngt wéi ganz am Ufank, dee riskéiert séier als One Hit Wonder ofgestempelt ze ginn. D’Verännerung däerf dobäi awer och net ze vill radikal sinn, di al Fans wëllt ee jo net verdreiwen. Keng einfach Aufgab also, sou een 3. Album. The XX hunn sech där Erausfuerderung gestallt a maachen um Album „I See You“ effektiv verschiddenes anescht. Ugefangen mat der éischter Single „On Hold“ – déi ass fir hir Verhältnisser nämlech ganz schéin funkeg ausgefall...

Lauschtert hei de ganzen Albumcheck: