Albumcheck"La La Land" Soundtrack

De Soundtrack vun "La La Land" huet schonn 2 Golden Globes ofgeraumt an och bei den Oskare geet en als Favorit an d'Course.

Leschten Update: 05.02.2017, 18:11:05

Et kënnt net all Dag vir, dass Publikum a Kritiker vun engem Film a vu senger Musek unanime esou begeeschtert sinn wéi vum Damien Chazelle sengem "La La Land" an dem  Justin Hurwitz sengem passende Soundtrack. Dee romantesche Musical ass fläisseg am gaangen , Filmgeschicht ze schreiwen.

Bei de Golden Globes huet de Musical "La La Land" mat am ganzen 7 Präisser een neie Rekord opgestallt. De Film vum Regisseur Damien Chazelle huet net just an der Kategorie "Best Musical/Komedie" gewonnen, mee gouf och fir dee beschte Soundtrack an dee beschten "Original Song" ausgezeechent. Kee Wonner also, dass d’Lidder vum Film och d’itunes-Charts erueweren.

Lauschtert hei de Reportage: