AlbumcheckSampha- Process

De „Sampha“ ass hannert de Kulissen scho laang ee gefrote Kënschtler. Elo huet de britesche Sänger säin éischten eegenen Album virgeluecht.

Leschten Update: 08.02.2017, 10:57:10

De Sampha war 13 Joer al, wéi hien sech déi éischte Kéier als Produzent probéiert huet. Um Computer vu sengem grousse Brudder huet hien seng éischt Beats gebastelt.

De Sampha huet an de leschte Joeren och scho ville Museker seng Stëmm geléint. Op Lidder vun Drake, Kanye West a Frank Ocean war hien schonn ze héieren. Wann ee kuckt wéi laang hien scho Musek mécht, kann een deemno soen, dass et bis zum Release vu sengem éischten eegenen Album ganz schéin laang gedauert huet.

Lauschtert hei de Reportage: