AlbumcheckFifty Shades Darker

Net just am Kino ass "Fifty Shades Darker" ee Succès. Och de Soundtrack vum Erotikdrama dominéiert an de Billboard-Charts.

Leschten Update: 23.02.2017, 09:21:56

Den Album ass direkt op Platz 1 vun de Billboard Charts era geklommen. Insgesamt gouf de Soundtrack. Domat schneit deen zweete Soundtrack nach besser of wéi deem éischten: De "Fifty Shades of Grey"-Album huet et 2015 just op Platz 2 gepackt.

Am ganzen 19 Lidder sinn um neie Soundtrack ze fannen, dorënner och e puer Coverversiounen an instrumental Stécker vum renomméierten Danny Elfman.

Méi bekannt dierft den Nolauschterer den Hit "I Don't Wanna Live Forever" sinn. Een Duett vum Zayn Malik an Taylor Swift. Awer och aner bekannte Staren wéi Sia am Tove Lo hunn een Track bäigesteiert.

Lauschtert hei de ganze Reportage: