AlbumcheckJames Blunt - The Afterlove

Den James Blunt hat annoncéiert um 5. Album "The Afterlove" manner schnulzeg Musek ze maachen. Dru gehalen huet e sech net...

Leschten Update: 28.03.2017, 11:48:03

10 Lidder sinn um éischten James Blunt Album no 4 Joer mat drop. „The Afterlove“ ass en insgesamt ganz rouegen Album. Eppes wat den Hardcore James Blunt Fans gefale wäert, ma de neutrale Nolauschtert mat der Zäit awer op d’Schlappe goe wäert. The Afterlove ass e Pop-Album, fir deen den James Blunt seng Texter och rëm selwer geschriwwen huet.


Lauschtert hei wéi eng d'Schwaachstellen um Album sinn a wéi eng bekannte Museker mat um Album geschafft hunn:
James Blunt - The Afterlove